Salut!

Du weess nach net,
wat s du dëst Joer maache solls?

Dann hunn ech vläicht eng Iddi fir dech…
Hues du schonn eng Kéier eppes vun enger Beruffsausbildung oder Léier héieren?

  • An de Lycée goen
  • Am Betrib léieren
  • Bezuelt ginn

Wien Beruffsausbildung seet,
seet… Beruff!

Mee wéi e Beruff géifs du perséinlech auswielen?

Entdeck déi 4 Secteure mat alle Beruffer,
déi am Kader vun der WinWin-Beruffsausbildung ugebuede ginn!

Klick, scroll, wiel aus…
Homme

Glécklecherweis ganz vill! Metallbauer, Bauzeechner, Elektroniker fir Kommunikatioun oder Energie, Fachlogistiker, Fachinformatiker, Zerspanungs- oder Industriemechaniker, Miwwelschräiner, Fligermecanicien an Techniker fir Logistik, Mechatronik oder Smart Technologies.

Entdeck se am Detail op eiser Säit vun de Beruffer am Industriesecteur!

Et ass d’Kombinatioun vun enger praktescher Formatioun am Betrib mat theoreetesche Coursen an engem Lycée, fir dee Beruff ze léieren, deen s du dir ausgesicht hues! Du hues e Kontrakt mat der Entreprise, gëss vun engem Tuteur begleet a fir deng Aarbecht bezuelt. Du hues d’Méiglechkeet, en Diplom ze kréien an um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen!

Dat hänkt vun der jeeweileger Formatioun of, an der Moyenne muss een awer mat 3 Joer rechnen. Wann s du zu Lëtzebuerg deng Beruffsausbildung méchs, brauchs du fir e CCP (Certificat de capacité professionnelle) oder en DAP (Diplôme d’aptitude) ze kréien an der Reegel 3 Joer, bei engem DT (Diplôme de technicien) dauert et 4 Joer.

Et ginn 3 Zorte vun Beruffsausbildungen. Kuck, wéi eng am beschte bei dech passt:

  • Éischtausbildung: Et muss ee mindestens 15 Joer al sinn an an engem Lycée zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn, an deem den theoreeteschen Unterrecht vun der entspriechender Beruffsausbildung ugebuede gëtt.
  • Grenziwwerschreidend Beruffsausbildung: Hei muss een eng schrëftlech Demande beim Service vun der Beruffsausbildung (Service de la Formation Professionnelle – SFP) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend areechen, a seng Léier an engem Betrib zu Lëtzebuerg maachen.
  • Erwuessenenausbildung: Et muss ee groussjäreg sinn, zënter 1 Joer net méi an enger Schoul ageschriwwe sinn oder en Éischtausbildungskontrakt hunn a bei der CNS affiliéiert sinn.

Méi Infoe fënns du op der Säit „Auszubildender werden um Site WinWin!

Du kanns dech elo net méi fir dëst Joer aschreiwen, awer maach der keng Suergen! Geschwë kanns du dech fir 2024/2025 aschreiwen. D’Aschreiwunge bei der ADEM lafen all Joer vum 1. Mee un. Nodeems du mam Orientatiounsservice de Beruff erausgewielt hues, deen s du léiere wëlls, wäerts du e puer Virstellungsgespréicher an Entreprisen hunn. Duerno ass bis den 31. Oktober Zäit, fir däin Ausbildungsvertrag mat engem Ausbildungsbetrib z’ënnerschreiwen. Vum 1. September u kanns du dech dann an engem vun de Lycéeën umellen, an deenen den theoreeteschen Deel vun dësem Beruff ugebuede gëtt. Du wëlls keng Zäit méi verléieren? Kontaktéier eis direkt!

Als éischt muss du dech bei der ADEM aschreiwen. Wiel 3 vun de Beruffer aus, déi a Form vun engem WinWin-Ausbildungsvertrag ugebuede ginn, a kontaktéier d’Ausbildungsbetriber iwwer d’Adressen, déi d’ADEM zur Verfügung stellt. Féier deng Virstellungsgespréicher an ënnerschreif däin Ausbildungsvertrag mat dengem neien Ausbildungspatron virum 31. Oktober. Versuerg deng Kopie vum Vertrag a kontaktéier däin Ausbildungsberoder. An zum Schluss kanns du dech vum 1. September un an engem Lycée umellen.

Hei ass eng Checklëscht, dass du näischt vergëss!

En anere Secteur auswielen Dëst Abenteuer interesséiert mech

Wou géifs du dech méi wuel fillen? Hannert der Kachplack, fir lecker Moolzechten zouzebereeden oder am Sall, fir de Clienten dës Platen ze zerwéieren a d’Laachen an hire Gesiichter ze gesinn? Mir bidden zwou Beruffsausbildungen an dësem Secteur un: Kach oder Serveur!

Entdeck se am Detail op eiser Säit vun de Beruffer am HoReCa-Secteur!

Et ass d’Kombinatioun vun enger praktescher Formatioun am Betrib mat theoreetesche Coursen an engem Lycée, fir dee Beruff ze léieren, deen s du dir ausgesicht hues! Du hues e Kontrakt mat der Entreprise, gëss vun engem Tuteur begleet a fir deng Aarbecht bezuelt. Du hues d’Méiglechkeet, en Diplom ze kréien an um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen!

Dat hänkt vun der jeeweileger Formatioun of, an der Moyenne muss een awer mat 3 Joer rechnen. Wann s du zu Lëtzebuerg deng Beruffsausbildung méchs, brauchs du fir e CCP (Certificat de capacité professionnelle) oder en DAP (Diplôme d’aptitude) ze kréien an der Reegel 3 Joer, bei engem DT (Diplôme de technicien) dauert et 4 Joer.

Et ginn 3 Zorte vun Beruffsausbildungen. Kuck, wéi eng am beschte bei dech passt:

  • Éischtausbildung: Et muss ee mindestens 15 Joer al sinn an an engem Lycée zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn, an deem den theoreeteschen Unterrecht vun der entspriechender Beruffsausbildung ugebuede gëtt.
  • Grenziwwerschreidend Beruffsausbildung: Hei muss een eng schrëftlech Demande beim Service vun der Beruffsausbildung (Service de la Formation Professionnelle – SFP) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend areechen, a seng Léier an engem Betrib zu Lëtzebuerg maachen.
  • Erwuessenenausbildung: Et muss ee groussjäreg sinn, zënter 1 Joer net méi an enger Schoul ageschriwwe sinn oder en Éischtausbildungskontrakt hunn a bei der CNS affiliéiert sinn.

Méi Infoe fënns du op der Säit „Auszubildender werden um Site WinWin!

Du kanns dech elo net méi fir dëst Joer aschreiwen, awer maach der keng Suergen! Geschwë kanns du dech fir 2024/2025 aschreiwen. D’Aschreiwunge bei der ADEM lafen all Joer vum 1. Mee un. Nodeems du mam Orientatiounsservice de Beruff erausgewielt hues, deen s du léiere wëlls, wäerts du e puer Virstellungsgespréicher an Entreprisen hunn. Duerno ass bis den 31. Oktober Zäit, fir däin Ausbildungsvertrag mat engem Ausbildungsbetrib z’ënnerschreiwen. Vum 1. September u kanns du dech dann an engem vun de Lycéeën umellen, an deenen den theoreeteschen Deel vun dësem Beruff ugebuede gëtt. Du wëlls keng Zäit méi verléieren? Kontaktéier eis direkt!

Als éischt muss du dech bei der ADEM aschreiwen. Wiel 3 vun de Beruffer aus, déi a Form vun engem WinWin-Ausbildungsvertrag ugebuede ginn, a kontaktéier d’Ausbildungsbetriber iwwer d’Adressen, déi d’ADEM zur Verfügung stellt. Féier deng Virstellungsgespréicher an ënnerschreif däin Ausbildungsvertrag mat dengem neien Ausbildungspatron virum 31. Oktober. Versuerg deng Kopie vum Vertrag a kontaktéier däin Ausbildungsberoder. An zum Schluss kanns du dech vum 1. September un an engem Lycée umellen.

Hei ass eng Checklëscht, dass du näischt vergëss!

En anere Secteur auswielen Dëst Abenteuer interesséiert mech

An dësem Secteur proposéiere mir dir zwee zimmlech ënnerschiddlech Beruffer: Mataarbechter an der Verwaltung an am Verkaf (wann de Beräich Organisatioun dir Spaass mécht) oder Dekorateur (wann s du deng Kreativitéit ausliewe wëlls).

Entdeck se am Detail op eiser Säit vun de Beruffer am Déngschtleeschtungs-Secteur!

Et ass d’Kombinatioun vun enger praktescher Formatioun am Betrib mat theoreetesche Coursen an engem Lycée, fir dee Beruff ze léieren, deen s du dir ausgesicht hues! Du hues e Kontrakt mat der Entreprise, gëss vun engem Tuteur begleet a fir deng Aarbecht bezuelt. Du hues d’Méiglechkeet, en Diplom ze kréien an um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen!

Dat hänkt vun der jeeweileger Formatioun of, an der Moyenne muss een awer mat 3 Joer rechnen. Wann s du zu Lëtzebuerg deng Beruffsausbildung méchs, brauchs du fir e CCP (Certificat de capacité professionnelle) oder en DAP (Diplôme d’aptitude) ze kréien an der Reegel 3 Joer, bei engem DT (Diplôme de technicien) dauert et 4 Joer.

Et ginn 3 Zorte vun Beruffsausbildungen. Kuck, wéi eng am beschte bei dech passt:

  • Éischtausbildung: Et muss ee mindestens 15 Joer al sinn an an engem Lycée zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn, an deem den theoreeteschen Unterrecht vun der entspriechender Beruffsausbildung ugebuede gëtt.
  • Grenziwwerschreidend Beruffsausbildung: Hei muss een eng schrëftlech Demande beim Service vun der Beruffsausbildung (Service de la Formation Professionnelle – SFP) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend areechen, a seng Léier an engem Betrib zu Lëtzebuerg maachen.
  • Erwuessenenausbildung: Et muss ee groussjäreg sinn, zënter 1 Joer net méi an enger Schoul ageschriwwe sinn oder en Éischtausbildungskontrakt hunn a bei der CNS affiliéiert sinn.

Méi Infoe fënns du op der Säit „Auszubildender werden um Site WinWin!

Du kanns dech elo net méi fir dëst Joer aschreiwen, awer maach der keng Suergen! Geschwë kanns du dech fir 2024/2025 aschreiwen. D’Aschreiwunge bei der ADEM lafen all Joer vum 1. Mee un. Nodeems du mam Orientatiounsservice de Beruff erausgewielt hues, deen s du léiere wëlls, wäerts du e puer Virstellungsgespréicher an Entreprisen hunn. Duerno ass bis den 31. Oktober Zäit, fir däin Ausbildungsvertrag mat engem Ausbildungsbetrib z’ënnerschreiwen. Vum 1. September u kanns du dech dann an engem vun de Lycéeën umellen, an deenen den theoreeteschen Deel vun dësem Beruff ugebuede gëtt. Du wëlls keng Zäit méi verléieren? Kontaktéier eis direkt!

Als éischt muss du dech bei der ADEM aschreiwen. Wiel 3 vun de Beruffer aus, déi a Form vun engem WinWin-Ausbildungsvertrag ugebuede ginn, a kontaktéier d’Ausbildungsbetriber iwwer d’Adressen, déi d’ADEM zur Verfügung stellt. Féier deng Virstellungsgespréicher an ënnerschreif däin Ausbildungsvertrag mat dengem neien Ausbildungspatron virum 31. Oktober. Versuerg deng Kopie vum Vertrag a kontaktéier däin Ausbildungsberoder. An zum Schluss kanns du dech vum 1. September un an engem Lycée umellen.

Hei ass eng Checklëscht, dass du näischt vergëss!

En anere Secteur auswielen Dëst Abenteuer interesséiert mech

Glécklecherweis ganz vill! Reesagent, Assistent an der Apdikt, Verkafsassistent, Techniker am Verkaf an an der Verwaltung a Vendeur-Retoucheur.

Entdeck se am Detail op eiser Säit vun de Beruffer am Secteur Commerce!